An Zukunft sollen esou méi laang Aarbechtszäiten op dësem Dag méiglech ginn. De Moment däerf e Salarié am Eenzelhandel do nämlech nëmme 4 Stonne schaffen.
D’Gesetz gesäit vir, datt d’Geschäfter däerfe sonndes an op Feierdeeg tëschent 6 an 13 Auer opmaachen. Fir alles doriwwer eraus, ass eng Derogatioun vum Mëttelstandsministère néideg. Mëttlerweil géingen et awer esouvill Ausnamereegelunge ginn, datt d’Gesetz doduerch quasi ausser Kraaft gesat wier, seet den David Angel, Zentralsekretär beim OGBL.
De Code du travail reegelt iwwerdeems, datt e Salarié sonndes net méi wéi 4 Stonne schaffen dierf. Bei enger Kontroll vun der ITM Enn zejoert war awer erauskomm, datt dës Reglementatioun a ville Commercen net géing agehale ginn. Nëmme 6 Sonndeger am Joer gëtt iwwert e Règlement grand-ducal eng Ausnam dovunner gemaach.
Doropshin huet den OGBL d’Confédération luxembourgeoise du commerce CLC kontaktéiert, fir eng Léisung fir de Problem ze fannen. Eng Propose gouf elo e Mëttwoch vum OGBL virgeluecht. "Mir begréissen, datt Kontrolle vun der ITM gemaach ginn an d’Aarbechtsgesetz soll agehale ginn“, ënnersträicht den David Angel. Ma den OGBL ass bereet, dem Patronat entgéintzekommen, well d’Léisung net kéint sinn, ganz zouzemaachen, op Studenten zréckzegräifen oder weiderhin d’Gesetz ze mëssuechten.
Den OGBL proposéiert dowéinst, datt d’4-Stonne-Gesetz zwar soll bleiwen, mä d’Aarbechtszäit fir Sonndeger iwwer de Kollektivvertrag vun de Commercë soll gereegelt ginn. Dëst no engem Sozialdialog tëscht dem Patron an dem Salarié. Schliisslech géif et kee Volontariat an der Aarbechtswelt ginn, soudatt just déi Leit schaffe missten, déi wëllen. Fir dem Patronat entgéint ze kommen, wier eng Iwwergangsperiod vun engem Joer denkbar, seet den Zentralsekretär vum OGBL. An dëser Period géingen dem Patron 156 Stonnen zougestane ginn, an deenen hien de Salarié kann op Sonndeger asetzen. Dono soll et da méiglech sinn, datt e Salarié sonndes méi schafft.
Eng representativ Etüd vum Liser, déi Enn 2018 erhuewe gi war, hat awer erginn, datt 80 Prozent vun de Salariéë sonndes eigentlech guer net schaffe wëllen. Datt et awer kéint sinn, datt d’Leit aus dem Secteur op de Supplement ugewise sinn, da misst ee generell iwwert d’Remuneratioun an deem Secteur schwätzen, betount den David Angel.
