RTL-InformatiounenSpärstonn a Caféen a Restauranten um 23 Auer owes gëtt opgehuewen

RTL Lëtzebuerg
Dat soubal dat entspriechend neit Gesetz gestëmmt ass. Och d’CovidCheck-Reegelen am Sport an an der Kultur ginn eise Sourcen no méi labber gemaach.

Dat entspriechend neit Covid-Gesetz soll e Freideg am Regierungsrot guttgeheescht ginn an dann op den Instanzewee goen, sou datt déi nei Dispositioune viraussiichtlech bis Enn vun der nächster Woch oder spéitstens iwwernächst Woch misste kënnen a Kraaft trieden.

De Regierungsrot war e Mëttwoch scho beieneen, fir iwwert d’Covid-Situatioun ze beroden an an de Kulisse konnt ee gewuer ginn, datt déi 3 Parteie sech eens sinn, fir d’Restriktioune méi labber ze maachen. Dat virum Hannergrond vun enger relativ stabeler Situatioun an de Spideeler trotz den héijen Infektiounszuelen, bei deene virun allem Jonker ervirstiechen. Wéi eng punktuell Ännerungen am Zesummenhang mam CovidCheck kommen, sinn nach net am Detail bekannt. Den Text fir dat nächst Covid-Gesetz ass nämlech réischt am Gaang, geschriwwen ze ginn. E Freideg gëtt et wéi gesot am Regierungsrot ugeholl an ewéi gewinnt vum Premier Xavier Bettel a vun der Santésministesch Paulette Lenert presentéiert.

Offiziellt Schreiwes

CONSEIL DE GOUVERNEMENT DU 2 FÉVRIER 2022
Résumé des travaux

Le Conseil de gouvernement s’est réuni le mercredi 2 février 2022 sous la présidence du Premier ministre Xavier Bettel.

Le Conseil a fait un point de situation concernant le Coronavirus SARS-Cov-2 “COVID-19".

Communiqué par le ministère d’État/SIP

Back to Top
CIM LOGO