HorescaSpärstonn soll nees vun Hallefnuecht op 1 Auer geréckelt ginn

RTL Lëtzebuerg
Dat, well den Hierscht an déi méi kill Temperaturen dozou féieren, datt d'Leit nees missten dobannen empfaange ginn.
© Horesca

Wann ee bis 1 Auer kéint oploossen, kéint een deen zäitlech espacéierten Accueil besser organiséieren, schreift d'Federatioun an engem Communiqué. D'Clientë kéinten och méi laang bleiwen a sougenannt After-Partyen doheem ouni Distanzreegele kéinten evitéiert ginn.

Dës Ännerung géinge den Acteuren am Secteur et och erlaben, Soiréeë fir Silvester ze organiséieren. Et hätt ee Versteesdemech fir déi sanitär Situatioun, ma d'Chiffere wiere stabel an et misst ee léieren, fir mam Virus ze liewen, sou d'Horesca.

PDF: De Communiqué vun der Horesca

Back to Top
CIM LOGO