
Géint 9.15 Auer gouf der Police gemellt, dass e Bewunner vun enger Privatwunneng méiglecherweis a Gefor schwiewe géif. Relativ séier hu sech direkt eng ganz Partie Asazekippe vun der Police, dorënner och d’Spezialunitéit vun der Police an de CGDIS, op d’Plaz gemaach. Hei gouf dann och e Sécherheetsperimeter ageriicht.
Géint 12 Auer dunn koum et zum Zougrëff vun der Unitéit. D’Persoun ëm déi et goung, konnt ouni Blessuren an der Wunneng ugetraff ginn. Beim Asaz koum och soss keen zu Schued. Kuerz no 12 Auer konnten alleguerten d’Sécherheetsmesuren nees opgehuewe ginn.