A well déi Lëtzebuerger Entreprisë gären exportéieren, huet d’Chambre de Commerce eng 12 Entreprisen “Made in Luxembourg” op Dubai invitéiert an dëst am Lëtzebuerger Pavillon fir hir Produiten der ganzer Welt ze presentéieren.
Dëst ass eng eemoleg Geleeënheet fir des Marken, fir nei Clienten ze fannen, ouni op Videokonferenzen oder op déi sozial Medien zeréckzegräifen. Dës Entreprenere si wärend hirem Openthalt zu Dubai d’Ambassadeure vun der Lëtzebuerger Wirtschaft a weisen, dass mir stabel, dynamesch an oppen fir d’ganz Welt sinn.
An de vereenegten arabeschen Emirater op der Weltausstellung zu Dubai, brauch sech Lëtzebuerg net virun deenen aneren 191 Länner ze verstoppen. An onsem Pavillon dauchen déi 4.500 Visiteure pro Dag an de Kär vun deem, wat den Dynamismus an d’Diversitéit vun eisem Kënnen ausmécht. Vun neien Technologien, Bijouen, bis hin zu onsem Handwierk “Made in Luxembourg”.
D’Weltausstellung ass eng wirtschaftlech Vitrinn fir ons Lëtzebuerger Entrepreneuren. Mä wéi stiechen déi Lëtzebuerger Entrepreneren zu Dubai aus der grousser Mass eraus? Lëtzebuerg wëll zu Dubai e Bild vermëttele vun engem séchere Land mat wirtschaftlecher Zouverlässegkeet a politescher Stabilitéit.
Dat war u sech den Objektiv vun der Visitt vun eisem Grand-Duc Henri an dem Mëttelstandsminister Lex Delles. All Lëtzebuerger Entreprener “Made in Luxembourg” gouf begréisst wärend der Woch, déi speziell vun der Chambre de Commerce organiséiert gouf.
Op der Weltausstellung zu Dubai goufe ronn 25 Millioune Visiteuren an deenen éischte 6 Méint erwaart an dat geet nach bis Enn Mäerz. Kontakter maachen, sech e Netz iwwerall an der Welt opbauen, dat ass eng vun de Stäerkte vun der Weltausstellung. Lëtzebuerg ka sech also weisen an houfreg sinn an dat wäert sech wuel ënnert den Entrepreneren aus der ganzer Welt erëmschwätzen.