Et wëll ee sech Courage maachen, weisen, dass een zesummesteet an och doriwwer opklären, wéi d’Aarbecht an de Spideeler den Ament ausgesäit. Impfen hëlleft, fir de Gesondheetssystem net nach zousätzlech ze belaaschten, esou den Appell vum Personal. D’Monica Camposeo war fir eis an de CHL nofroen, wéi d’Situatioun ass.
Um Punkt Mëtteg stoungen eng 30 Leit vum Spidolspersonal virum CHL zu Stroossen. Foussgänger, déi laanschtgaange sinn, hunn hinne spontan Merci gesot. En Här huet souguer Këschte mat Knippercher verdeelt. Esou Momenter hëllefen d’Stëmmung bëssen ze hiewen, fannen d’Janine Jacoby an d’Sandra Terracchio. Si schaffen am Labo a waren en Donneschdeg fir d’éischte Kéier bei der Aktioun YesWeCare dobäi.
Si hunn et emouvant fonnt, esou d’Solidaritéit ënnert den Aarbechtskolleege kënnen ze weisen. Mat der Aktioun wëll een awer och e Message no bausse ginn, dass nach ëmmer vill geschafft gëtt an een hoffentlech geschwënn aus der Pandemie erauskënnt.
Dass d’Spideeler am Wanter méi belaascht si wéi am Summer, ass näischt Neies. Mat der Pandemie hätt d’Aarbecht awer däitlech bäigeholl.
Den Dr. Pierre Braquet huet erkläert, dass dëst Joer manner Patienten am Spidol sinn, wéi am leschte Wanter, wat op d’Impfung zeréckzeféiere wier. Obwuel d’Zuel vun den Neiinfektiounen héich wier, wieren awer manner Leit schwéier krank.
Effektiv hate mer mat enger änlecher Wochen-Inzidenz vun ëm 400 Neiinfektiounen op 100.000 Awunner, d’lescht Joer iwwer dräi Mol esou vill Patienten op der normaler Statioun an duebel esou vill op der Rea. De Frank Gils, Chef-Soignant op der Intensivstatioun erlieft perséinlech, dass déi Patienten, déi net geimpft sinn, méi jonk sinn an déi geimpfte Patiente gréisstendeels Virerkrankungen haten.
Dowéinst wier eng Booster-Impfung fir vulnerabel oder eeler Leit elo och wichteg. Den Ament géing een awer och en neie Profil vun de Patiente bemierken, sot den Intensivmedezinner Dr. Jean Reuter. Op der Intensivstatioun wier d’Altersmoyenne vun de Patienten, déi net geimpft sinn, den Ament tëscht 40 a 60 Joer.
Kuckt een d’Statistike vun der Santé, si vun de Leit, déi bis ewell wéinst Covid19 hu missen hospitaliséiert ginn, knapp 85% iwwer 40 Joer al [Stand 09.12.2021]. Fir d’Patienten, déi intensiv hu misse behandelt ginn, läit den Taux vun den iwwer 40-Jährege bei 93%.
D’Spidolspersonal wëll d’Aktioun YesWeCare elo reegelméisseg maachen. Normalerweis géinge si am Hannergrond schaffen a wieren net op der Strooss ze gesinn. Ma dat wéilt een elo änneren, fir hir deeglech Aarbecht méi visibel ze maachen.
