An der StadStaark alkoholiséierte Chauffer baut Accident mat Päerdstransporter

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg géint 18.45 Auer koum et an der rue de Rollingergrund zu engem Accident, woubäi e Bam, eng Stroosseluucht an e Parkautomat beschiedegt goufen.

De Chauffer, dee mat engem Päerdstransporter ënnerwee war, hat däitlech ze vill gedronk. Den zoulässege Wäert beim Alkoholtest war méi wéi duebel sou héich wéi erlaabt.

Well no der Kollisioun lasse Stroumkabelen vun der Stroosseluucht Kontakt mat dem accidentéierte Gefier haten, huet mussen de Stroumubidder kontaktéiert ginn, éier d’Gefier konnt ofgeschleeft ginn.

E weideren Accident ënner Alkoholafloss gouf et e Samschdeg géint 18 Auer zu Rëmerschen op der Kräizung vun der Wäistrooss mat der Munnereferstrooss. Wat genee hei geschitt ass, ass net aus dem Police-Bulletin erauszeliesen. Kloer ass awer, dass déi alkoholiséiert Automobilistin nach op der Plaz de Führerschäin ofgeholl krut.

Back to Top
CIM LOGO