MeteoStaarke Wand bléist Beem ëm, och Alerte Orange um Freideg

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op en Donneschdeg hu sech d'Schied duerch de Wand a Grenze gehalen an awer gëtt et bis e Freideg nach keng Entwarnung.

D’Alerte vun der nationaler Wiederagence Meteolux war vun e Mëttwoch den Owend 20 Auer a Kraaft. Meteolux huet Wand tëscht 95 an 110 Stonnekilometer gemellt, d’Alerte Orange gëllt fir dat ganzt Land. De stäerkste Wand gouf et tëscht Donneschdeg Mëtternuecht a 6 Auer moies.

Meteolux hunn hir Warnung antëscht op eng Alerte Jaune fir staarke Wand erofgesat. Tëscht 6 a 17 Auer ass um Donneschdeg mat nach Wandgeschwindegkeeten tëscht 65 a 85 Stonnekilometer ze rechnen. E Freideg tëscht 16 an 20 Auer gëllt am ganze Land allerdéngs nees eng Alerte Orange.

© Domingos Oliveira / RTL

Dem leschte Bilan vum CGDIS no wieren eng 21 Beem ëmgefall a bei zwee Chantiere wieren d‘Clôturë fortgeflunn. D’Diecher vun zwee Haiser goufen ausserdeem beschiedegt. Den ACL réit iwwerdeems dozou, op de Stroossen an dëse méi geféierleche Fuerkonditioune lues ze maachen. Eng Rei Strecke sinn den Ament dann och wéinst Beem blockéiert, déi ëmgefall sinn.

Weider Infoen zu der aktueller Situatioun am Stroosseverkéier fannt Dir hei:

TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.D’Wandstäerkte bis 100 oder 110 km/h entspriechen engem “Beaufortgrad” vun 8 bis 9, oder souguer 10, wat als “stiermesche Wand”, respektiv “Stuerm” aklasséiert gëtt. Do muss een dann dovun ausgoen, dass et zu Schied un Haiser ka kommen, Äscht kënne vun de Beem briechen a vereenzelt kënnen och Beem ëmfalen.

Meteolux huet fir e Freideg tëscht 16 an 20 Auer eng weider Alerte Orange erausginn, och nees fir dat ganzt Land. Staarke Wand aus dem Oste ka bis op Vitesse vun 90 bis 110 Stonnekilometer klammen. Scho vu 14 Auer u gëllt eng Alerte Jaune fir Wandstäerkten tëscht 65 a 85 Stonnekilometer. Dës gëllt och no der Alerte Orange nees tëscht 20 Auer bis Mëtternuecht.

TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d’Wieder, wéi gëtt d’Wieder?

Back to Top
CIM LOGO