
Wéi et an engem Schreiwes vum Energieministère heescht, gouf dat entspriechend Gesetz e Mëttwoch an der Chamber gestëmmt.
D’Mesure limitéiert d’Hausse vum Präis fir d’Hëtzen op maximal 15 Prozent géigeniwwer der Moyenne vum September zejoert a gëllt retroaktiv op den 1. Oktober zejoert.
Bei engem duerchschnëttlechen Appartement soll een esou ronn 960 € d’Joer fir d’Hëtze spueren, bei engem Haus sollen et souguer ronn 2.400 € sinn, déi de Staat bäileet. Dat wéi gesot awer just bei Wunnengen an Haiser, déi a Stied un en zentralen Heiz-Reseau ugeschloss sinn.