
D’staatlech finanziell Hëllef fir d’Relance an d’Hëllef fir d’net-gedeckte Käschte gi bis Enn Februar verlängert. Donieft ginn déi Aiden erweidert fir Betriber déi Neiween verkafen. D’Chamber huet dat entspriechend Gesetz de Mëtte mat de Stëmme vun de Regierungsparteien, der CSV an de Pirate guttgeheescht. D’ADR an déi Lénk hu sech enthal.
Zur Erënnerung a graff resuméiert: d’aide de relance ass: 1.250 Euro pro Salarié an 250 pro Salarié am Chomage partiel fir e Betrib, dee wéinst der Pandemie op d’mannst 25% manner Ëmsaz gemaach huet par Rapport zu 2019.
D’Aide fir net-gedeckte Fraisen, déi ass fir Betriber am Horeca Beräich, am Tourismus an Evenemtentiel oder Kultur an Erhalung, déi op d’mannst 40% manner Ëmsaz gemaach hunn. Déi kënnen 100% vun enger Rei Fraisen zeréckkréien, ewéi zum Beispill déi fir Wueren déi kaf an net stockéiert kenne ginn. Detailer ginn et op guichet.lu.