Neit GesetzStaatlech Kontroll vu Gemengegestioun gëtt vereinfacht

Pit Everling
D’Chamber huet viru Chrëschtdag unanime e Gesetzprojet gestëmmt, mat deem de System vun der staatlecher Kontroll vun der Gemengegestioun moderniséiert gëtt

Zil ass et, d’Gemengenautonomie ze stäerken an administrativ Prozeduren ze vereinfachen. D’LSAP-Inneministesch Taina Bofferding schwätzt vun enger wichteger Etapp, déi am Kader vun der Reform vum Gemengegesetz ëmgesat gëtt. De Pit Everling huet beim Gemengesyndikat Syvicol nogefrot, wat et mat de Changementer op sech huet.

Syvicol- De Reportage vum Pit Everling

Wat ass iwwerhaapt déi sougenannte «tutelle administrative»?
Op de Gemenge gi ganz vill Decisioune geholl an déi ginn am Inneministère op hir Legalitéit kontrolléiert.

De Syvicol-President Emile Eicher: “Net op d’Opportunitéit, dat heescht d‘Ministesch oder de Minister kënnen net kucken, ob d’Decisioun gerechtfäerdegt ass oder net, mä si mussen awer kucken, ob d’Decisioun am Kader vun der Gesetzgebung geholl gëtt.”

Eréischt wann d’Approbatioun aus dem Ministère do ass, kann d’Decisioun a Kraaft trieden.

Mam neie Gesetz huet de Ministère just nach d’Tutelle iwwer en Deel vun de Gemengendecisiounen.

Emile Eicher: “D’Decisiounen trieden elo direkt a Kraaft, wann de Conseil se geholl huet. Dat bréngt méi Autonomie, awer och vill méi Responsabilitéit. Si kënne sech dann net méi hannert dem Interieur verstoppen.

D’Gemengen – och déi kleng – missten dann natierlech juristesch gutt berode sinn an Zukunft. D’Inneministesch hätt do Support versprach, sou den Emile Eicher. Eng gewëss Informatiounsobligatioun vis-à-vis vum Ministère an eng eventuell nodréiglech Legalistéitskontroll bleiwen iwwregens och erhalen.

Da falen eng Rei administrativ Prozeduren ewech, zum Beispill beim Rekrutement vu Fonctionnairen an Employéen, wou Dossiere soss e puer Mol tëscht Gemeng an Interieur hin an hir hu misste goen. Bei enger Rei Demarchë géing och de Prinzip „silence vaut accord” gëllen.

D’Zil vun der administrativer Vereinfachung géing op alle Fall erreecht ginn, seet de Gemengesyndikat. Mir hunn ëmmer eng Plattform revendiquéiert, fir den Echange mam Ministère. Déi kënnt elo, esou den Emile Eicher.

Et hätt ee sech awer och gewënscht, datt iwwer déi nei Plattform och den Echange mat den anere Ministère kéint lafen.

Ënner dem Stréch seet de Syvicol sech awer mat de Changementer zefridden.

Back to Top
CIM LOGO