
Huet d’Corinne Cahen virun enger gudder Woch Leit agelueden, op Lëtzebuerg ze kommen, andeems si ee Reportage vun TF1 iwwert de Grand-Duché, "pays épargné par le confinement" op Twitter gedeelt huet? Dat iwwerdeems an all de Nopeschlänner méi streng Restriktiounen a Kraaft waren, ewéi hei am Land.
Nee, mengt de Staatsministère an enger kuerzer an dach dréchener Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV. "De Premierminister ass net der Meenung, datt en Tweet iwwert e Reportage Leit aluet op Lëtzebuerg ze kommen", sou d’Äntwert.
D’CSV-Deputéiert Nancy Arendt wollt wëssen, ob esou ee Message vun engem Regierungsmember net géing riskéieren, d’Zuel vun neien Infektiounen an d’Luucht ze dreiwen. Och hei heescht et vu Säite vum Staatsministère: "De Premierminister ass och net der Meenung, datt duerch en Tweet iwwert e Reportage d’Infektiounszuelen an d’Luucht ginn".
D’Kommunikatioun vun der Regierung wier uniform a kloer, heescht et weider. De Staatsministère verweist op de "Respekt vun de Gestes Barrière". Et géing keng Relatioun ginn tëscht dem Message vun der Familljeministesch an de sanitäre Mesuren.
