Am Interview op RTL 5MinutesStaatsschold wéinst der Kris wuel "enorm", sou de Xavier Bettel

RTL Lëtzebuerg
"Dës Regierung huet déi richteg Decisiounen an Zäite geholl, wou d'Corona-Kris d'Land frontal getraff huet", esou d'Wierder vum Staatsminister.

De Xavier Bettel war bei eise Kolleege vu 5Minutes am Interview, fir ënnert anerem zou ze ginn, datt d'Staatsschold duerch d'Kris wuel "enorm" wier, mä dës Emprunte wieren néideg gewiescht. Wann Ee lo net géif investéieren, géif Een de spéidere Generatiounen e Kierfecht iwwerloossen, sou de Regierungschef.

Datt bannent de nächste Wochen d'Vaccinatiouns-Campagne wäert ulafen, huet de Xavier Bettel als "Liicht um Enn vum Tunnel bezeechent".

D'Covid-Impfung ass dem Xavier Bettel no, e Schrëtt an Direktioun "Sortie aus der Kris eraus" - mee et géifen nach laang a schwiereg Méint op d'Land duerkommen, sou den DP-Politiker am Interview mam franséischen RTL-Site.

D'komplett Gespréich mam Xavier Bettel fannt dir an Toun a Bild um Site vun RTL-5-Minutes.

Back to Top
CIM LOGO