Op 5 Joer gekucktStatec beweist de Klimawandel

RTL Lëtzebuerg
Datt de Klima changéiert ass eng Realitéit a gëtt och elo vum Statec mat Chifferen beluecht.
© AFP Archivbild

Deemno ass d'Jores-Temperatur an der Moyenne iwwert déi läscht 5 Joer gekuckt ëm 1,6 Grad geklommen, dëst am Verglach mat der Period tëscht 1961 an 1990. Parallel ass d'Quantitéit u Reen fir dës selwecht Period ëm bal 6% zeréckgaangen.

Am Rekordjoer 2015 goufen et souguer 18 Deeg, wou d'Afenhëtzt ganz akut war, dëst sinn Temperaturen vun iwwer 30 Grad.

Positiv Chifferen iwwerdeems, wat d'Emissioun vun den Zäregasen ugeet: Dës sinn tëscht 1990 an 2017 ëm bal e Véierel zeréckgaangen. Bal 57% vun dësen Emissioune kommen duerch de Verkéier, woubäi de komplette Verkaf vu Bensin an Diesel als "Lëtzebuerger Emissiounen" comptabiliséiert gëtt, also och d'Venten duerch den Tanktourissem.

D'Stéit am Land sinn iwwerdeems, wéi et schéngt, sensibiliséiert, wat d'Spuere vun Energie ugeet: Sou ass den Energieverbrauch tëscht 2008 an 2016 ëm eng 17% erofgaangen an dat trotz, datt d'Awunnerzuel an dësen Joren jo zougeholl huet.

Deemno stabiliséiert sech den Energieverbrauch pro Awunner op eng Valeur vun 3 Tonnen Co2.

Positiv och en anere Chiffer vum Statec: De Verbrauch vun erneierbaren Energien duerch d'Stéit am Land ass eropgaangen, sou dass dësen Taux ronn 4% vun der globaler Consommatioun ausmécht.

PDF: Indicateure vum Klimawandel zu Lëtzebuerg

Back to Top
CIM LOGO