Aus dem PolicebulletinStater Buschauffer aggresséiert, Iwwerfall mat Menacen zu Esch

RTL Lëtzebuerg
Der Police gouf e Méindeg den Owend ëm 21 Auer ee staark alkoholiséierte Mann gemellt, deen e Buschauffer an engem Bus an der Stad verbal agresséiert huet.
Beispillfoto.
Beispillfoto.
© RTL-Archiv

Wou d’Polizisten an der Avenue Monterey ukomm sinn, huet de Mann de Beamten no ugefaangen, wëll mat den Hänn ronderëm sech ze fuchtelen an haart ze blären. Well de Mann a sengem Zoustand eng Gefor fir sech an anerer war, gouf hie mat op de Policebüro geholl. Do hat hien no enger medezinescher Ënnersichung genuch Zäit, auszeniichteren.

Zu Esch gouf iwwerdeems e Méindeg den Owend géint 22 Auer ee jonkt Affer an der Rue Nelson Mandela iwwerfall. Hie gouf vun dräi jonke Männer an den Eck gedréckt a mat der Ausso menacéiert, si hätten ee Messer derbäi, falls d’Affer sech géif wieren. Nodeems si dem Betraffene Boergeld geklaut hunn, si si fortgelaf a konnten och vun der Police net méi fonnt ginn. D’Affer gouf beim Virfall net blesséiert. Et gouf eng Plainte géint d’Täter gemaach an Ermëttlunge goufen an d’Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO