Gemengewalen an der StadStater Gréng: Manner motoriséierte Verkéier a méi abordabele Wunnraum!

RTL Lëtzebuerg
Déi Stater Gréng wëllen um Knuedler un d‘Rudder. An der Märei wier déi lescht Joren net vill geschitt, sou déi Gréng.
Stater Gréng: Manner motoriséierte Verkéier a méi abordabele Wunnraum!
Déi Stater Gréng wëllen um Knuedler un d‘Rudder. An der Märei wier déi lescht Joren net vill geschitt, sou déi Gréng.

D‘Erausfuerderunge wiere grouss, fënnt d’Ekipp ronderëm de Buergermeeschterkandidat François Benoy an déi aner Spëtzekandidatin Claudie Reyland.

De Walprogramm fir den 11. Juni gouf e Freideg de Moie presentéiert an do gëtt de Schwéierpunkt ënner anerem op d‘Mobilitéit geluecht. Eng Iddi vun deene Gréngen: Manner motoriséierten Trafic an de Quartieren.

“Lëtzebuerg muss zu enger Vëlo- a Foussgängerstad ginn. Domat géing och d’Liewesqualitéit an de Quartiere gestäerkt ginn”, seet de François Benoy.

Dofir soll den Duerchgangsverkéier do eraus, fannen déi Gréng. Op Basis vum nationale Mobilitéitsplang kéint do e Konzept ausgeschafft ginn, esou de Spëtzekandidat vun deene Gréngen.

“Jidderee kéim weiderhi mam Auto bei säin Haus, mä muss vläicht en anere Wee fueren. D‘Iddi wier, datt den Duerchgangsverkéier ronderëm d‘Quartiere geleet gëtt. Dës Konzepter sinn net nei a ginn zum Beispill an Holland zënter Joerzéngten applizéiert.”

Dëst géif schonn zu Paräis a Bréissel esou gemaach ginn. “Mir wëllen dat elo och hei maachen. Parallel muss natierlech den ëffentlechen Transport weider ausgebaut gëtt.” Op Basis vum nationale Mobilitéitsplang kéint do e Konzept ausgeschafft ginn.

En anert grousst Thema fir déi Stater Gréng ass de Logement, op deen d’Kandidatin Christa Brömmel ageet. “Den abordabele Wunnraum muss verduebelt ginn. Dofir mussen déi finanziell Reserve vun der Stad agesat ginn.
Aktuell PAPe sollen adaptéiert ginn. De Perimeter hätt nach Plaz fir 50.000 Leit, dofir bräicht et keng Erweiderung Ganz wichteg wier et och, datt bei neie Projeten d‘Buedemversigelung weider limitéiert gëtt.

Da wënsche sech déi Gréng och nach méi Biergerbedeelegung. “Mir wëllen e Bierger-Rot schafen, deen aus enger representativer Stéchprouf vu Leit zesummegesat ass, déi an der Stad wunnen oder schaffen,” esou d‘Spëtzekandidatin Claudie Reyland

Déi Gréng haten 2017 ronn 19% vun de Stëmme kritt a wëllen elo a 5 Woche gestäerkt aus de Gemengewalen eraus goen. Mat wiem ee potentiell géing koaléieren, léisst een op. Vun de Parteien, déi aktuell um Knuedler vertruede sinn, kéim just d‘ADR net als Partner a Fro.

PDF: De Resumé vum Programm vun deene Gréngen aus der Stad

Back to Top
CIM LOGO