
Ugefaange schonn um kuerz no 20 Auer zu Keel. Hei war en Automobilist mat sengem Won an en Auto gerannt, deen op der Säit stoung. Den Alkoholtest war positiv an de Permis fort.
Eng ganz änlech Situatioun gouf et ronn 90 Minutte méi spéit zu Esch. Hei war de Schock vum Opprall awer esou grouss, datt de Won, deen ofgestallt war, an eng Mauer e puer Meter weider ewech geschleidert gouf. De Materialschued war hei grouss, schreift d’Police. De Chauffer, dee fir d’Saach wuel responsabel ass an alkoholiséiert war, koum mat liichte Blessuren an d’Spidol, dat awer ouni de Fürerschäin, dee gouf agezunn.
An der Uewerstad gouf der Police kuerz viru Mëtternuecht eng Persoun gemellt, déi mat hirem Auto fortfuere wollt, obwuel se däitlech ze déif an d’Glas gekuckt hat. Eng Patrull huet sech op de Wee gemaach an d’Persoun ugetraff. Et konnt ee Schlëmmeres verhënneren, ma de Permis war awer fort.
Net wäit vun engem Evenement zu Waarken ewech war um 2.30 Auer en Automobilist an zwee Ween, déi ofgestallt waren, geknuppt. Eng Patrull, déi schonn op der Plaz war, hat d’Accident héieren an huet de Chauffer opgefuerdert, säi Won stoen ze loossen. Dat huet dësen och gemaach, awer eréischt, nodeem hien nach e puer Meter weidergefuer ass. Den desorientéierte Mann, deen däitlech no Alkohol geroch huet, ass de Fürerschäi lass.
Géint 5 Auer huet eng Policepatrull zu Péiteng e Won bemierkt, deen op engem Parking stoung an déi véier Winker unhat. Wéi d’Beamte sech d’Situatioun méi am Detail ukucke wollten, ass hinnen opgefall, datt eng Persoun hannert dem Steierrad ageschlof war. D’Polizisten haten all Méi, de Mann aus dem déiwe Schlof z’erwächen. Wéi hinnen dat awer no e puer Versich gelongen ass, huet de “Chauffer” sech och zu engem Alkoholtest bereet erkläert. Dee war positiv an de Permis war fort.
Da gouf et nach eng gréisser vum Parquet ordonéiert Alkoholkontroll zu Léiweng bei engem Supermarché, dat tëscht 1 an 2.30 Auer. An dësen 90 Minutte goufe ronn 50 Automobiliste kontrolléiert. A sechs Fäll war den Test positiv a véier Permise goufen ofgeholl. Scho virdrun, tëscht 22.30 a Mëtternuecht, war een zu Beetebuerg op der Héicht vum Park am Asaz. Hei goufen eng 100 Automobiliste kontrolléiert a just ee krut e Protekoll. De Permis huet hien awer dierfte behalen.
Da mellt d’Police nach verschidden Abréch, dat zu Hollerech, Schraasseg, Märel, Biergem, Steesel an Hesper.