Physesch Presenz ass néidegSteeën, fir Juegten ze pachten, sollen ënnert dem Anhale vun Distanzreegele sinn

RTL Lëtzebuerg
Vun en Dënschdeg u mussen iwwerall am Land nei Juegd-Syndikater funktionéieren, déi eng gülteg Generalversammlung haten a wou e President designéiert gouf.

Sou ass et am Juegdgesetz vun 2011 fixéiert. Déi lescht Generalversammlunge goufe Mëtt August zu Dikrech ofgehalen, sou datt alleguer d'Syndikater, déi Juegten dierfen organiséieren, elo constituéiert sinn.

Nächst Etapp ass d'Organisatioun vun der Stee vun de Juegdlousen - a Covid-Zäiten ass d'Fro sech ze stellen, wéi dës Steeë sollen oflafen - allemol net iwwer Video-Konferenz, dat réit d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun den DP-Deputéierten Graas an Arendt.

Wëll de Bail fir e Juegdlous iwwer 9 Joer leeft an domat entspriechend och eng gewëssen Zomm kascht, ass eng physesch Presenz ënnert dem Anhale vun den Distanzreegelen néideg. Un de Syndikater ass et elo vun en Dënschdeg un, dës Steeën, fir d'Juegten ze pachten, ze organiséieren.

Back to Top
CIM LOGO