Baaschtnech vs StauséigemengSträit um Verwaltungsgeriicht wéinst Wandrieder u belscher Grenz

RTL Lëtzebuerg
Dass eng auslännesch Gemeng eng lëtzebuergesch op d'Verwaltungsgeriicht hëlt, kënnt net dacks vir.
© RTL Archivbild

Den Tribunal administratif huet awer elo a sou enger Affär tranchéiert.

Baaschtnech vs Stauséigemeng / Reportage vum Eric Ewald

Déi 1. Instanz vum Verwaltungsgeriicht huet dobäi e Recours en annulation vun der Gemeng Baaschtnech irrecevabel erkläert an hir Demande, fir eng Indemnité de procédure ze kréien, zréckgewisen. Si huet och fir d'Fraisen opzekommen. Am Februar zejoert hat de Buergermeeschter vun der Stauséigemeng enger Societéit d'Erlaabnis ginn, fir ënner anerem 4 Wandrieder vun net grad 185m Héicht ze bauen. D'Gemeng vu Baaschtnech war am Mee d'lescht Joer op d'Verwaltungsgeriicht gaangen, fir déi Autorisatioun annuléiert ze kréien. De Projet hätt de belsche Gemengeresponsabelen no eng direkt Inzidenz op hiren Territoire an hir Populatioun, well en no bei, respektiv op der Grenz tëscht der Stauséigemeng a Baaschtnech léich, nëmmen e puer honnert Meter vun éischten Haiser vun den Uertschafte Lutremange a Villers-la-Bonne-Eau ewech. E géif e Verschampeléiere vum Paysage naturel vun engem Deel vum Gemengenterritoire duerstellen, dee wär awer vum Tourismus a vun der Liewensqualitéit hier wichteg. D'Baaschtnecher Gemeng hätt also en direkte Schued duerch d'Wandrieder an déi en Impakt op Villercher an op ënner anerem e puer Natura 2000-Sitte vun eppes méi wéi 585 Hektar.

Déi 1. Riichter halen an hirem Uerteel fest, dass eng Verwaltungsdecisioun déi perséinlech Situatioun vun deem, dee klot, affektéiere muss. Et misst also e perséinlechen Interêt virleien. D'Gemeng vu Baaschtnech hätt ënner anerem argumentéiert, dass d'Héicht vun de Wandrieder der Schéinheet vun der Landschaft schuede géif, dobäi hätt keen Awunner vun den Uertschafte ronderëm e Recours géint d'Baugeneemegung agereecht. D'Baaschtnecher Gemeng kéint net beweisen, dass si fir Landschaftstourissem bekannt wär an dass d'Wandrieder op Lëtzebuerger Buedem en negativen Impakt op deen Tourismus hätten. Zu Baaschtnech stéingen och eng Rëtsch Wandrieder, déi da wuel manner Impakt op den eegenen Tourissem hätten. D'Gemeng vu Baaschtnech hätt de Beweis net erbruecht, dass si en Intérêt à agir hat. Hire Recours wär dowéinst irrecevabel z'erklären. Dofir hätt si och keng Indemnité de procédure vun 1.000 Euro zegutt.

Back to Top
CIM LOGO