OGBLStreik wéinst Sozialdialog ëm Guardian Luxguard schéngt inevitabel

RTL Lëtzebuerg
De Sozialdialog bei Guardian Luxgard spëtzt sech zou.

Virun der nächster Reunioun en Dënschdeg de Mëtten, tëscht dem OGBL an der Direktioun beim Conciliateur, preparéiert sech d'Gewerkschaft op e Streik. Dat huet den OGBL elo an engem Communiqué annoncéiert.

D'Direktioun wéilt nämlech onbedéngt e Sozialplang duerchzéien an kee Plan de maintien dans l'emploi. Obschonns esou een am August ënnerschriwwe gi wier.

Eng 200 Aarbechtsplaze beim amerikanesche Glasproduzent sti wéinst Ëmstrukturéierungen um Spill.

PDF: Schreiwes vum OGBL

Back to Top
CIM LOGO