Am Detail gekucktStreng Sécherheetskontrolle vun de Spiller op der Schueberfouer

Tim Morizet
Scho fir sech als Manège fir d‘Fouer unzemellen, muss ee seng Sécherheets- a Kontroll-Zertifikater eraschécken. Bei der Arrivée geet et da virun.
Den Niveau vun de Sécherheetskontrolle läit hei am Land ganz héich.
D’Fouer um Glacis gëtt nächste Mëttwoch lancéiert.

En Highlight fir jiddereen, deen e bëssen Adrenalin am Liewe brauch. Déi lescht Wochen allerdéngs – koum et ëmmer nees zu Deels dramateschen Tëschefäll am Ausland.

Zeenen, déi een zu Lëtzebuerg mat aller Kraaft evitéiere wëll.

Laurent Schwaller, Fouermeeschter: “All Manège, deen hei steet, gi mer natierlech och kucken, ob dat, wat um Pabeier steet, och stëmmt. Zu Lëtzebuerg ginn dann Zertifikater nach emol kontrolléiert. En agreéiert Kontrollorgan ass och op der Plaz a kontrolléiert méi detailléiert.”

Déi europäesch Norme sinn héich – Kontrollen awer sinn ennerschiddlech vu Land zu Land. Bei 211 Forrainen an iwwer 200 Stänn zitt de Kontroll-Prozess um Glacis sech iwwer Deeg.

Ugefaange ginn d’Kontrolle mat de Restauranten. Hei gëtt prezis gekuckt, datt virun allem genuch Entréeën an Noutausgang do sinn. An datt déi och vun näischt blockéiert ginn. Den Etat vun de Spiller gëtt bei der Arrivée um Camion kontrolléiert. Nom Opbau ginn och wichteg Schrauwen iwwerpréift. D’Aarbechter klammen dohinner, wou se hikommen.

Gesicht gëtt no Rëss oder zum Beispill Stroum-Sécherungen, déi adaptéiert musse ginn. Duerno ass de Forain natierlech selwer fir d‘Sécherheet zoustänneg. Dem Rudolf Schütze seng Männer testen wärend 2 Stonnen d‘Installatiounen an d‘Waggonen, ier datt et op der Geeschterbunn lassgeet.

Rudolf Schütze, Forain – déi 2. Kéier mat senger Geeschterbunn zu Lëtzebuerg: “Eng Geeschterbunn oder e Manège, dee mat Schinne fonctionéiert, ënnerläit enger technescher “Ënnerhalung”. Et muss een all Dag d‘Dräirieder, d‘Ketten an aner Deeler kontrolléieren a sech froen: Sinn dës nach an engem gudden Zoustand?“

Bei ongeféier 100.000 Visiteuren den Dag op der Fouer – wuel déi wichtegst Routine. Eng, déi Liewe rett.

Back to Top
CIM LOGO