
12 Joer Prisong, 3 dovu fest an déi 9 aner mat Sursis probatoire - Dat ass d'Strof, déi e Freideg am fréien Owend um Dikrecher Geriicht fir déi Fra gefrot gouf, déi am Oktober 2018 zu Réiden hiren deemolege Partner mat engem Messer an d’Broscht gestach hat.
D'Oploe bestéingen an enger Therapie vun der Fra, déi och kee Kontakt méi zum Affer sollt hunn. Donieft sollt d'Messer confisquéiert ginn. Fir de Vertrieder vum Parquet wär de versichte Mord net, dofir awer de versichten Doudschlag zréckzebehalen.
E Virsaz wär der Beschëllegter schwéier ze beweisen, sou de Parquetier. Dogéint hätt si keng aner Intentioun kënnen hunn, wéi de Mann dout ze maachen, „wann een e Messer dohi stécht“. Sou eng Blessur, wéi d'Affer se hat, wär am Prinzip déidlech an eng Noutwier hätt net virgeleeën. De Vertrieder vum Parquet huet och vun enger selektiver Amnesie vun der Ugeklote geschwat, déi sech net un en Telefonsgespréich, eng knapp Stonn virun der Dot, mat engem Bekannten erënnere konnt, an deem si gesot hätt, si géif dem Mann e Messer an de Bauch stiechen. Ronn 50 Minutten drop hätt si e spatzt Messer geholl an d'Affer an d'Häerzgéigend gestach.
D'Fra selwer sot e Freideg, 2010 hätten hir Problemer ugefaangen an 2011, wéi hire Papp gestuerwen ass, wär hiren Alkoholproblem akut ginn. Dat spéidert Affer hätt si an enger Therapie kenne geléiert. Schéi wäre just déi 3 éischt Méint vun hirer Relatioun gewiescht, well hien dono nees massiv gedronk a si hien net erëmkannt hätt. Si hätt gehofft, hie géif sech änneren. Sech vun him ze trennen hätt si allerdéngs net fäerdegbruecht. Den Dag vun der Dot hätt si gedronk gehat, et wär hir schlecht ginn, si hätt sech geluecht an hie wär mam Hond erausgaangen. Wéi si waakreg gouf, hätt si d'Gefill gehat, dass hie scho laang fort wär. dofir wär si bei eng aner Fra gaangen, d'Noperen hätte gesot, hie wär do, ma et hätt keen d'Dier opgemaach. Wéi hien heemkoum, hätt si gefrot, ob hie bei där anerer Fra war. hien hätt 1. Nee gesot an 2. dass hie bei der Beschëllegter schlofe géif. „Wann s de dech elo net gëss, da stiechen ech der e Messer an d'Panz“, hätt si doropshi gesot. „Da stiech mer et direkt an d'Häerz“, wär seng Äntwert dorop gewiescht. Si hätt keen Auswee gesinn, hätt him wëlle wéi doen, mä hien net wëllen ëmbréngen. Et géif hir extrem leed doen. Si wär Täterin, hätt net méi kënnen a kéint net begräifen, dass si dozou fäeg war.
D'Urteel gëtt de 26. November gesprach.