
Et goufen 993 Gigawatt-Stonne produzéiert, 2020 waren et der 979.
Déi Evolutioun gouf et obwuel d’Wandmillen 10% manner produzéiert hunn. Dat war de Fall, wéinst ongënschtege Wandkonditiounen a well al Installatiounen ofgeriicht goufen, fir ersat ze ginn.
D’Produktioun vun erneierbarem Stroum couvréiert 15% vum nationale Konsum.
Beim Naturgas stellt den ILR staark Präishaussë fest. 2021 sinn d’Tariffer fir e Stot am Schnëtt ëm en Drëttel eropgaangen.
Och dëst Joer an d’nächst Joer dierften Augmentatioune constatéiert ginn.