
"Mécht den Educatiounsminister de Geck mat eis? 2.0". Esou ass e weidere Communiqué vun de Personalvertrieder aus de Kompetenzzenteren an dem psychosoziale Beräich iwwerschriwwen. D'Gewerkschafte stousse sech jo u Changementer an der Tâche, déi am Summer ouni Dialog vum Terrain op de Wee bruecht goufen. Dobäi géif een zanter 3 Joer schonn d'Gespréich mam Ministère sichen.
D'Signatairë vum Communiqué bleiwen derbäi, datt d'Nott aus dem Summer soll zeréckgezu ginn. Den 9. Februar ass dowéinst e Protestpiquet virun der Chamber fir géint déi wéi et heescht "illegal Virgoensweis vum Educatiounsminister a géint d'Ofwäertung vun der Aarbecht vum edukativen a pscho-soziale Personal aus de Kompetenzzenter, dem Fondamental an dem Secondaire" virzegoen. Eng Reunioun mam Claude Meisch ass do virdrun nach fir de 14. Januar geplangt.