Intelligent KombiSynergie tëscht Zär an IFSB-Gebai

RTL Lëtzebuerg
Zënter annerhallwem Joer ass se a Betrib, viru kuerzem war elo déi offiziell Aweiung vun der grousser Zär vum Formatiounszenter IFSB zu Beetebuerg.
© Violetta Caldarelli

No den éischte Recolten ass definitiv kloer, datt de grousse Prototyp op 400m2 funktionéiert, eng reusséiert Synergie tëscht dem Glashaus an de Gebailechkeeten. D’Zär, déi am Kader vum EU-Projet GROOF entstanen ass an och zum Deel vun der EU finanzéiert gouf, weist, wéi ee verlueren Energie vu Gebaier ka sënnvoll notzen, fir esou Liewensmëttel ze produzéieren. Vun Tomaten, bis Basilikum goufen ewell schonn iwwert 20 verschidden Zorte Geméis a Kraider hei ugebaut a koumen direkt vun der Zär am Restaurant op den Teller.

Nieft dësem Virdeel, datt ee wuel kaum méi lokal ka produzéieren ouni laang Transportweeër, kënnt eben, datt d’Zär och d’Hëtzt vum Gebai notzt an dat op verschidde Manéieren. Nieft der direkter Hëtzt, déi iwwer d’Dalle vum Restaurant eropzitt, ass et och de Bëtong, deen d’Hëtzt vun der Sonn am Dag späichert an nuets nees ofgëtt. Weider ass et och d’Ventilatioun aus de Büroen a Säll, déi dofir suergt, datt d’Temperatur klëmmt.

Et kommen och Solar-Panels an den Asaz a speziell duebelt Fënsterglas mat automatiséierte Storen, déi d’Hëtzt bannen halen, respektiv och virun ze vill Sonn schützen, hëllefen och mat. Ugebaut gëtt nom Prinzip vun der Hydroponie, wou d’Planze kee Buedem hunn, ma d’Wuerzelen am Waasser stinn. Pestizide bréicht ee keng, wann da kommen natierlech Feinden an den Asaz, falls emol e Befall vu Leis oder änlechem Gedéiesch virkéim. 900.000 Euro huet de Projet kascht an dëse soll elo Schoul maachen. Wéi dat ganzt ausgesäit an aner Aspekter vun dësem Pionéier-Projet, deen op e Joer eng 45.000 Tonnen CO2 soll aspueren, ginn et am Video-Reportage.

Back to Top
CIM LOGO