Am Auchan verkaaftTartare de Saumon fumé wéinst Listerien zeréckgeruff

RTL Lëtzebuerg
Verkaf gouf de Produit am Auchan am 140-Gramm-Pak. Et ass allerdéngs net auszeschléissen , datt de Saumon och an anere Geschäfter kéint verkaaft gi sinn.
© Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire

Wéi d’Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire e Freideg matdeelt, ass de Produit “Tartare de saumon fumé à la truffe noire” vun der Mark Dom Petroff aus de Regaler gezu ginn, dat wéinst der méiglecher Presenz vu Listerien.

Listerie kënne Féiwer, Kappwéi oder souguer eng Mogrippe ausléisen. Schwanger Fraen a Leit, déi gesondheetlech schonn ugeschloe sinn, si besonnesch gefährt.

PDF: Tartare de saumon Dom Petroff - 2022-12-30

Back to Top
CIM LOGO