Aus dem PolicebulletinTäter no Iwwerfall mat Gewaltawierkung festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Weider mellt d'Police zwee Fäll, wou Trickdéiwen am Asaz waren, en Auto, deen ausgeraumt gouf an e Vëlo, dee vum Vëlosstänner geléist gouf.

Kuerz viru Mëtternuecht an der Nuecht op e Sonndeg gouf eng Persoun am Zentrum vun der Stad iwwerfall, zwee Täter haten dem Affer eng Kette vum Hals gerappt. Kuerz drop konnt d’Police zwee Männer op der Place d’armes untreffen, op déi d’Beschreiwung gepasst huet. D’Affer huet déi zwee och kuerz drop identifizéiert. De Parquet huet béid verhafte gelooss an de Rendezvous beim Untersuchungsriichter hate si e Sonndeg de Moien.

Zwee Iwwerfäll, bei deenen d’Affer ofgelenkt gouf, mellt d’Police dann och an der Stad. Eng Kéier gouf d’Affer vun zwee Männer an e Gespréich verwéckelt an dräi Mol vun enger drëtter Persoun ugerempelt. Spéider ass opgefall, datt de Portmonnie geklaut gouf. Eng änlech Situatioun da kuerz no Mëtternuecht an engem Bistro. Hei hat den Täter e Gespréich mam Affer ugefaangen, no kuerzer Zäit hu se dëst zesummen bei engem Dësch virugefouert. Wéi d’Gespréich eriwwer war an de presuméierten Täter de Bistro verlooss hat, ass dem Affer opgefall, datt den Handy, wat et op den Dësch geluecht hat, fort war. A béide Fäll gouf eng Plainte gemaach.

Zu Bartreng mellt d’Police dann, datt eng Trottinett, déi am Aganksberäich vun engem Méifamilljenhaus stoung, geklaut gouf. Zu Mamer gouf en Elektrovëlo, deen un engem Vëlosstänner fixéiert war, matgoe gelooss. D’Täter haten d’Schlass opgebrach.

Aus engem Auto eraus krut eng Persoun an der Stad e Laptop, Dokumenter a weider Géigestänn geklaut. De Won stoung am Zentrum vun der Stad, de Besëtzer hat en awer net zougespaart.

Back to Top
CIM LOGO