
E bis dohin obekannten Täter hatt en eeleren Här an e Gespréich verwéckelt an huet versicht d’Vertraue vum Affer ze gewannen, an deem dëse sengem Affer verschidde Kaddoe gemaach huet. Wéi et am Policebulletin heescht, wier dem Täter dobäi en Objet, warscheinlech eng Waff aus der Täsch gefall an nees agestach.
Dono huet den Täter den ageschüchterte Mann an de Supermarché begleet, wou dësen dann eng gréisser Zomm Geld opgehuewen huet. Mam Geld ass den Täter mat sengem Auto an onbekannte Richtung geflücht.
Hei déi genee Täterbeschreiwung vun der Police
Der Täter sprach Französisch, war zwischen 60 und 65 Jahre alt, rund 1.65 Meter groß und von korpulenter Statur. Er hatte dunkle Haare und markante Augenbrauen und er trug eine dunkle Mütze, eine blaue Jeanshose sowie eine schwarze Lederjacke.
An dësem Zesummenhang sicht d’Police no Zeien. All Informatioun zu der Dot, sou wéi soss Indicen iwwert den Täter an dem Auto si fir d’Police vun Diddeleng ënnert der Nummer (+352) 244 69 1000 oder per E-Mail (police.dudelange@police.etat.lu).