
Dem Direkter Serge Allegrezza no wier d’Situatioun hei am Land trotz zwou schwéieren Krisen, stabel bliwwen. Wat weise géif, datt eis Gesellschaft relativ resistent ass. An awer ginn et 12% sougenannten Working poor. Den Direkter vum Statec Serge Allegrezza: Dat gesäit no vill aus, mir stinn an Europa och relativ héich. Mee dat gëtt haaptsächlech bestëmmt duerch d’Plaz, wou d’Leit schaffen, d’Kompositioun vun hirem Menagen a wéi vill Leit mer op den Aarbechtsmarché kréien.
Dee Risiko ass méi grouss a verschiddenen Secteuren. De Guillaume Osier vum Statec:
D’Konstruktioun, d’Hotellerie an d’Restauratioun, d’Santé, de soziale Secteur an de Commerce.
Den Aarmutsrisiko ass zu Lëtzebuerg vun 18,1% op 17,4% gefall - dat si konkret 108.000 Leit, déi zejoert dem Risk, an d’Aarmut ze falen, ausgesat waren. Och do ginn et Leit, déi méi betraff sinn wéi anerer:
D’Chômeuren, déi di net aktiv sinn, d’Locatairen, mee och d’Menagen mat Kanner a virun allem d’Monoparentauxen.
Fir de Gros vun de Stéit am Land war zejoert de Logement e Sujet, dee se beschäftegt huet.
Mir gesinn, datt iwwer 40% vum “Revenu disponible” an de Logement fléissen, fir d’modeste Stéit, d’Locatairen an isoléiert Persounen ënnert 65 Joer.
Trotzdeem kéint ee vun enger stabeler Situatioun schwätzen, huet den Direkter vum Statec nach betount. Et hätt keng Explosioun vun der Aarmut nach vun den Inegalitéiten ginn.
