AppellsgeriichtTaxichauffer wéinst fënnef Infraktiounen am Stroosseverkéier geruff

RTL Lëtzebuerg
De Mann war an Appell gaangen, nodeem hie vum Friddensgeriicht an Ofwiesenheet verurteelt gi war.

E gudde Bekannte vun der Justiz, en Taxichauffer vun 53 Joer, hat en Dënschdeg de Mëtte wéinst direkt 5 Affäre Rendez-vous um Stater Geriicht. De Mann war am Oktober zejoert wéinst Infraktiounen am Stroosseverkéier, déi bis November 2017 zréckgoungen, um Friddensgeriicht an der Stad verurteelt ginn. Dohi war hien net komm an dofir an Ofwiesenheet condamnéiert ginn, wougéint hien Appell gemaach hat.

An zweeter Instanz kéint hien awer elo méi schlecht ewechkommen.

Séieren Taxischauffer virum Appelsgeriicht / Eric Ewald

De Vertrieder vum Parquet wëll nämlech, nieft der Confirmatioun vun 2 vun de 5 Urteeler aus 1. Instanz, déi 3 aner annuléiere loossen an dem Mann wéinst Recidive méi Strof ginn. An dëse Fäll wären zweemol eng Geldstrof vu 500 Euro an eemol souguer 4 separat Geldstrofen ze spriechen, virum Hannergrond vun do am Ganze 6 Iwwertriedungen.

Wat d'Faiten ugeet, hat den Taxichauffer an där 1. Affär riets iwwerholl a war dono ze séier gefuer. D'Police wär mat 114 Kilometer an der Stonn hannert him hier gewiescht, woubäi d'Distanz tëscht den zwee Gefierer méi grouss gi wär. An där zweeter Affär hätt de Mann eng Fra matgeholl, déi voll war an hätt déi séier wëllen heembréngen. Dee Moment wär hie méi wéi 15km/h ze séier gewiescht. Bei den 3. a 4. Affäre wär hie mam Handy um Steier erwëscht an déi 5. Kéier geblëtzt ginn, wou just 50 erlaabt war. D'Faite si gréisstendeels kontestéiert, an där leschtgenannter Affär zum Beispill wär d'Schëld mat der Indikatioun vun de 50 Stonnekilomter net ze gesi gewiescht, woufir d'Me Peugeot, Affekotin vum Mann, 4 Mol e Fräisproch gefrot huet an eemol eng manner héich Geldstrof, wéi déi an 1. Instanz gefuerdert, dat waren 200 Euro.

Iwwregens koum de Beschëllegte och net op d'Geriicht an d'Stad: Hie wär krank a wéilt vertruede ginn, hat d'Me Peugeot erkläert an de Mann representéiert. Wat de Vertrieder vum Parquet zur Remark beweegt huet, dass de Mann, wann et heesche géif, op d'Geriicht kommen ze mussen, ëmmer krank wär.

D'Appellurteeler si fir den 11. Dezember.

Back to Top
CIM LOGO