
Et wär kee globale Problem, déi mobil Reseaue wären net concernéiert.
Dat huet d'Post op Nofro präziséiert.
D'Originn vum Problem hätt identifizéiert kënne ginn. Ee Server hätt deels net richteg funktionéiert. D'Clienten, déi iwwer dee Server um Reseau hänken, géifen am Normalfall dann automatesch iwwer eng aner Maschinn versuergt ginn. Déi ''Redundanz'' hätt beim Incident e Méindeg de Moien net richteg funktionéiert, heescht et vu Post Telekom. Et war een awer zouversiichtlech, dass de Problem viru Mëtteg nach behuewen ass.