Zanter en Donneschdeg de Moien ass eng Plattform fir Téléconsultatioune vun der Gesondheetskeess, der CNS, operationell. Dat gouf op der Pressekonferenz vun der Gesondheetsministesch Paulette Lenert zesumme mat Experten en Donneschdeg matgedeelt.
Patiente kënne sech hei per Video mat hirem Dokter a Kontakt setzen, an net just iwwert Telefon. "Et ass ganz wichteg, datt d’Patienten déi Plattform benotzen, fir d'Sécherheet vun deene Consultatiounen z'assuréieren", sot de Christian Oberlé, Direkter vun der CNS.
Wat d'Verrechnung vun dësen Téléconsultatiounen ugeet, déi wieren d'selwecht, wéi wa se géingen an der Praxis eng Consultatioun maachen. Eeler Leit kënne weider Kontakt iwwer Telefon mat hirem Dokter huelen, deen da kann dofir suergen, datt déi néideg Ordonnancen an Dokumenter un de Patient kommen.