Schwéier DecisiounTemoignage vun enger Famill, déi ukrainesch Refugiéeën opgeholl huet

Anne Wolff
Vill Leit stelle sech den Ament d'Fro, ob si prett sinn, fir eng onbestëmmten Zäit mat frieme Leit ënnert engem Daach ze wunnen.
Accueil vun enger ukrainecher Flüchtlings-Famill
Vill Leit stelle sech den Ament d’Fro, ob si prett sinn, fir eng onbestëmmten Zäit mat frieme Leit ënnert engem Dag ze wunnen.

Mat dem Gedanken: wann et eis geschitt, wiere mer och frou wann een eis ophëlt : Fir d‘Famill Fassbender war d‘Decisioun fir Flüchtlingen aus der Ukrain opzehuelen, séier getraff, ma lo gëllt et, den Alldag ze meeschteren.

Et war eng spontan Decisioun fir d‘Chris an den Arnaud Fassbender. Zanter gutt enger Woch wunne si elo mat der Famill Mozgovoy aus der Ukrain zesummen. D‘Koppel wëll mat guddem Beispill virgoen, seet d‘Chris Fassbender. Si hätte Plaz an et wier net komplizéiert.

Am Kannerzëmmer vun der eelster Duechter schlofen elo de Maksim a seng Geschwëster. Esou lues stellt sech bei de Familljen en Alldag an. Wann d‘Fassbendere moies op d‘Aarbecht ginn, drénkt d’Famill Mozgovoy Kaffi. Et ass eng WG op ongewëss Dauer, an där jidderee seng Privatsphär braucht. Fir den Arnaud Fassbender war vun Ufank u kloer, dass et Reegele gi muss.

D‘Zesummeliewe klappt bis ewell gutt, an awer: de Krich an d‘Angscht sinn ni wäit ewech. An der Nuecht gouf et nees Bombardementer an der Ukrain, an d‘Hannah huet nach näischt vun hirem Brudder héieren. Wéi et weider geet, weess keen. D‘Zesummeliewen ass dofir net just logistesch, mee och psychologesch eng Erausfuerderung.

De Marc Crochet, Generaldirekter vun der Caritas warnt dowéinst viru spontanen Eegeninitiativen, et misst ee sech bewosst sinn, wourop ee sech aléisst. „Dat si Leit, déi an hiren däischterste Stonne kommen, an déi brénge fir d‘éischt emol hire Misär mat. Natierlech si se och dankbar, mee dat kënnt dacks eréischt méi spéit. Do dierf ee kéng falsch Erwaardungen hunn“.

Och wa vill Leit et gutt mengen, an den offizielle Wee méi laang dauer, nëmme sou ka séchere Logement garantéiert ginn an Abuse verhënnert ginn, seet de Marc Crochet.

Et wier och wichteg, dass d‘Leit beim Office national d‘accueil enregistréiert gi, fir sozial Hëllef ze kréien. Wie scho privat Refugiéeën opgeholl huet, kéint sech bei der Caritas fir Hëllef bei den administrativen Demarchë mellen.

Back to Top
CIM LOGO