Alerte jaune fir den Norde vum LandTemperature falen e Sonndeg op -6 bis -8 Grad, lokal och emol -10

RTL Lëtzebuerg
Nom Stuerm e Freideg, dee staarke Wand, Reen a bis zu 12 Zentimeter Schnéi mat sech bruecht huet, fänkt de Weekend méi roueg un. Dat bleift awer net laang esou.

No der dräifacher Wiederwarnung e Freideg zu Lëtzebuerg sinn an der Nuecht op e Samschdeg deels bis zu 12 Zentimeter Schnéi am Éislek leie bliwwen.

De Schnéi huet d'Éislek an der Nuecht op e Samschdeg ganz bedeckt
Wéi erwaart, huet sech eng déck Kusch Schnéi iwwer den Norde vum Land geluecht.

Fir e Samschdeg gëtt Meteolux awer keng Warnunge méi eraus, ausser der Gefor vun deels glate Stroossen. D’Wieder bleift bedeckt mat lokal liichtem Schnéi, virun allem um Samschdegmoien. Am Laf vum Dag soll et awer méi dréche ginn. Um spéiden Owend sollen Himmel ufänken, opzegoen.

E Sonndeg dogéint mussen d’Leit am Éislek sech waarm undoen. Fir den Norde vum Land gëtt Meteolux nämlech eng Alerte jaune eraus. Dat vu Mëtternuecht bis 11.59 Auer. D’Temperature sollen tëscht -6 a -8 Grad Celsius leien. Lokal kënnen d’Temperature souguer op bis zu -10 Grad falen. Tëscht de Wolleke kéint sech awer och emol d’Sonn weise kommen.

Déi nächst Woch soll et dofir awer nees méi waarm ginn. E Méindeg kéint zwar nach e bësse Schnéi falen, éier d’Temperaturen nees klammen. Bis zu 5 Grad e Méindeg, 7 Grad en Dënschdeg an 9 Grad e Mëttwoch. Trotzdeem bleift den Himmel dréif mat vereenzelte Reeschaueren. E Mëttwoch gëtt et iwwerdeem nees méi lëfteg mat bis zu 50 km/h.

Back to Top
CIM LOGO