RS-VirusTemporär Komplikatioune beim Verdeele vun Impfstoff

RTL Lëtzebuerg
Dat geet aus der Äntwert vun der Gesondheetsministesch faisant fonction Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierte Marc Spautz ervir.
© RTL Archiv

Et goufen temporär Komplikatioune beim Verdeele vun Impfstoff géint den RS-Virus bei de Pediateren. An der parlamentarescher Äntwert gëtt awer ënnerstrach, datt genuch Impfdosissen disponibel wieren.

Am Ganze wiere fir d’Saison 2023-2024 14.200 Dosisse bestallt ginn, déi an e puer Etappe geliwwert ginn. Allerdéngs wieren déi éischt Commande vun de Kannerdokteren iwwert den disponibele Stock erausgaangen. Doropshi wier et, fir en temporären Enkpass z’evitéieren, eng Ëmverdeelung ginn tëschent de Maternitéen an dem Stock fir d’Pediater. Donieft wier d’Zuel vun Impfdosissen, déi ee Kannerdokter bestelle kann, limitéiert ginn. Mëttlerweil kéinten d’Pediater awer nees Impfstoff nobestellen.

Eng Infektioun mam RS-Virus kann zu Otemweekrankheete wéi Bronchiolitte féieren. Kanner, déi tëschent Januar a September op d’Welt komm sinn, kënne beim Pediater geimpft ginn, iwwerdeems fir Puppelcher, déi tëschent Oktober dëst Joer a Januar 2024 gebuer ginn, eng Impfung an der Maternité ugebueden an och dréngend recommandéiert gëtt.

Back to Top
CIM LOGO