Wanterzäit 2023Tëschebilan vun der Campagne iwwer d'Verkéierssécherheet

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun der Verkéierssécherheet-Campagne "Wanterzäit 2023" féiert d'Police tëscht Mëtt Oktober an Enn Dezember verstäerkt Verkéierskontrollen duerch.
© Police Luxembourg

De Fokus läit op der Beliichtung an de Pneue vun de Gefierer, sou wéi och op dem allgemengen, techneschen Zoustand.

An enger éischter, präventiver Phas, déi bis den 19. November dauert, gi bei klenge Mängel un der Beliichtung just Mängelmeldungen ausgestallt. D’Leit hätten duerno d’Méiglechkeet dës bannent fënnef Deeg ze behiewen. Zanter dem Ufank vun der Campagne goufen 115 dëser Meldungen ausgestallt.

An 61 Fäll goufen zudeem Protokoller wéinst schwéieren, technesche Mängel erstallt. Dorënner gouf a 24 Fäll e Mangel un de Pneue festgestallt, a 14 Fäll goufen et méi gravéierend Problemer mat der Beliichtung an an 11 Fäll war d’Siichtfeld vum Chauffeur ageschränkt.

A sechs Fäll waren d’Autosplacken net liesbar, net richteg befestegt oder hunn déi néideg Viraussetzungen net erfëllt.

Back to Top
CIM LOGO