
D'Police hat matgedeelt, datt et zu Diddeleng op der Gare géint 18.30 Auer en Incident gouf. Dowéinst huet den Zuchverkéier misst gestoppt ginn. Kuerz virun 20 Auer koum dunn d'Meldung, datt de Tëschefall geléist wier an sech d'Situatioun géif normaliséieren.