
Wéi d’Waasserverwaltung an engem Schreiwes matdeelt, sinn hir Beamten doropshin zesumme mam CGDIS op d’Plaz gefuer an hu festgestallt, dass en Tank vun enger Privatpersoun eng Fuite hat.
Tëscht 2.000 an 3.000 Liter Ueleg waren ausgelaf, fir d’éischt an e Feld a vun do weider an e private Weier. Fir ze verhënneren, dass sech déi knaschteg Substanz weiderverbreet, gouf eng Zort Damm gebaut, deen um Waasser schwëmmt an et goufe Pompelen installéiert, fir de Knascht ofzepompelen.
Allerdéngs huet de ville Reen net gehollef an dofir gesuergt, dass sech den Ueleg awer nach verdeelt huet an een Deel an eng kleng Baach geroden ass, déi bis an d’Kor féiert. Aktuell sinn nach ëmmer Agenten op der Plaz, fir weider Degâten ze verhënneren.
