
Wéi d’Police mellt, hätt den Automobilist nom Accident d’Kéier gemaach a wier fortgefuer, ouni sech ëm de Blesséierten ze këmmeren. En ass a Richtung Findel gefuer op der Kräizung Rue de Trèves.
Éischten Informatiounen no soll et sech beim flüchtege Won ëm en orange Smart ForTwo handelen. Op der Bäifuerersäit misste Spuere vum Opprall ze gesi sinn. De rietse Spigel gouf beim Accident erofgerappt.
Eventuell Zeie solle sech beim Kommissariat Museldall mellen, via Telefon um (+352) 244-70-1000 oder via Email.
Ënnert anerem war de Samu am Asaz, fir sech ëm de Blesséierten ze këmmeren.
Ee Blesséierte gouf et och quasi zäitgläich, wéi sech zu Stroossen zwee Autoen ze pake kruten.