Vum 15. Januar u muss ee fir schaffen ze goen geimpft, geheelt oder negativ getest sinn. Just zertifiéiert Schnelltester a PCR-Tester sinn erlaabt.
Wien 1 mol geimpft ass, ka sech, mat Rendez-vous, gratis an engem vun den Testzenteren teste loossen, dat bis Enn Februar.
D’Arméi huet 5 Zenteren opgeriicht: zu Jonglënster, um Houwald, beim Rond-point Raemerech zu Esch, um Fridhaff an hei um Kierchbierg bei der Lux-Expo. Och samschdes a sonndes sinn déi Zenteren op.
1 mol geimpft kritt een 20 Bongen, fir sech testen ze loossen.