Invité vun der Redaktioun (5. August) - Thomas Dentzer"Mir hu Saache verbessert, well mer net ganz gutt waren"

Carine Lemmer
E Mëttwoch de Moie war den nationale Gesondheetslaboratoire Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Thomas Dentzer
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Ech hoffe Mol, dass ech fir Rou a Stabilitéit ka suergen. Dat sot den Thomas Dentzer e Mëttwoch de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Hien ass zanter Mee den Direkter vum LNS, dem nationale Gesondheets-Laboratoire zu Diddeleng, wou et an de leschte Jore méi dacks zu personelle Changementer komm war.

Den LNS mat senge 430 Mataarbechter wär "e schwéiert Déier fir ze geréieren", sou den neie Mann un der Spëtzt.

Kritik gouf et an der Vergaangenheet och, well et zu deels ganz laange Waardezäite bei Kriibs-Analyse komm war. Et wär een iwwerlaf gi mat Echantillonen. Et wär een net nokomm an et hätt een et verpasst gehat, eng Struktur, eng Produktioun opzebauen, huet den LNS-Direkter erkläert. Et misst ee gutt organiséiert sinn an do hätt et "e bësse bei eis gehapert". Et wär och net dat selwecht wéi eng Bluttanalys, wat méi einfach a vill méi séier géif goen.

Zanter zwee Joer hätt een awer Saache verbessert, well een net gutt war. Fréier wär ee bei enger Moyenne vun 18-19 Deeg gewiescht, aktuell wären et siwen Deeg. De leschte Mount war een ënner 10 Deeg. Dat wär net schlecht. Mä et wär awer ganz verschidde jee no Beräich an Organ. Bei Haut- oder Gastroprouwe géif et méi laang daueren, och well vill era kënnt. Et misst een och nach Retarden opschaffen, well ee lues war am Labo.

Bleift de Monopol an der Genetik an an der Pathologie?

Den LNS huet an der Genetik an an der Pathologie (also all Echantillon, deen erausgeschnidden an analyséiert gëtt) aktuell d'Monopolstellung hei am Land. Dee Monopol kéint falen, hat d'Politik scho Mol ugedeit. Aktuell hätt een all d'Donnéeën op enger Plaz an d'Vue op déi ganz Lëtzebuerger Populatioun. Wann een net méi genuch Saache gesäit, wär een op eemol keen Expert méi, gëtt den Thomas Dentzer ze bedenken. Wann de Monopol net méi géif gëllen an dann och Privatlaboen, och am Ausland, Kriibsdiagnostik géife maachen, misst een ëmdenken an ëmstrukturéieren. E Problem wär et, wann een alles géif verléieren. D'Fro wär dowéinst, wéi een de Monopol géif opléisen.

Geriichtsmedezin: 150 Autopsien d'Joer

Den LNS mécht och Geriichtsmedezin, ass also zoustänneg fir d'Autopsien hei am Land. Véier Geriichtsmedezinner maachen dat. Eng 150 Autopsië goufen zejoert gemaach, bal ëmmer am Optrag vun der Justiz, an neierdéngs och mat Hëllef vun engem neie Scanner.

Den Thomas Dentzer vum LNS
E Mëttwoch de Moie war den nationale Gesondheetslaboratoire Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Invité vun der Redaktioun: Thomas Dentzer

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO