Donner a BlëtzE potentiell geféierlecht a gläichzäiteg faszinéierend Naturspektakel

Olivier Catani
Bei den zwee Bränn zu Tratten a Laaschent, bei deenen eng Scheier a Stréibotten am Wäert vu bis zu 50.000 Euro ofgebrannt sinn, geet d'Police dovun aus, datt Blëtzschléi heifir responsabel sinn. Wéi entsti Blëtzer a wéi geféierlech si se eigentlech?
Donner a Blëtz - Prezisioune vum Olivier Catani
E potentiell geféierlecht a gläichzäiteg faszinéierend Naturspektakel

Wann et blëtzt, erhëtzt d'Loft ronderëm de Blëtz sech bannent nëmme puer Sekonnen op bis zu 30.000 Grad Celsius. Duerch déi extrem Hëtzt deent d'Loft ronderëm de Blëtz sech explosiounsaarteg aus. Doduerch entsteet eng Schallwell. Dat ass den Donner, dee mir héieren. Duerch den Donner geet awer net vill Energie verluer. A wann de Blëtz dann op de Buedem aschléit an zum Beispill eppes Dréchenes wéi Botten aus Hee oder Stréi, ginn déi och bannent kuerzer Zäit staark erhëtzt an esou kann e Feier entstoen.

Wollekeblëtz vs. Äerdblëtz

Dem Meteorolog Luca Mathias vu Meteolux no gouf et den 3. August zirka 2.000 Blëtzer, domat léich een an engem normale Beräich. Dovu ware just ongeféier 175 Äerdblëtzer. De Gros vun de Blëtzer si sougenannt Wollekeblëtzer an déi schloen net an de Buedem an. Spëtzereider zanter 2013 bleift den 29. Abrëll 2018 mat 752 Aërdblëtzer am Land.

Vum Blëtz getraff an iwwerlieft

Wéi ee sech am beschte virun engem Blëtz schütze soll an d'Geschicht vum Grupp Wanderer, déi am Éislek vun engem Blëtz getraff goufen, kann een am Pisa op RTL Play kucken.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO