Santé deelt matTiger-Moustiquen zu Capellen entdeckt

RTL Lëtzebuerg
Dës invasiv Insekte kommen ursprénglech aus den tropesche Bëscher aus Südostasien, wou si och tropesch Krankheeten iwwerdroe kënnen.
© SEBASTIEN LAPEYRERE Hans LucasHans Lucas via AFP

Dës Woch goufen zu Capellen Tiger-Moustiquen entdeckt. Dat schreift d’Santé op Facebook an op hirem Internetsite. Et ass déi zweete Kéier no zejoert, datt des Mustik hei am Land fonnt gouf.

Dës invasiv Insekte kommen ursprénglech aus den tropesche Bëscher a Südostasien, wou si och tropesch Krankheeten iwwerdroe kënnen. Si kënnen Träger si vum Dengueféiwer, Chikungunya oder dem Zika-Virus...awer nëmmen dann, wa se virdrun eng infizéiert Persoun gepickt hunn.

Den Ament gëtt et déi Krankheeten an eiser Géigend nach net. A Südfrankräich, wou d’Tiger-Moustique sech och néiergelooss huet, iwwerdréit se awer all Joer déi Viren.

D’Santé gëtt e puer Rotschléi, fir z’evitéieren, datt sech d’Tiger-Moustiquen hei néierloossen a verbreeden. D’Moustique leeë gären hir Eeër do, wou Waasser steet. Blummendëppen, Spillsaachen, Eemeren oder al Pneuen soll een ewech huelen oder eidel maachen, fir datt sech do kee Waasser ka stauen.

Et soll een och en Netz oder en Deckel op d’Reewaasser-Behälter maachen, recommandéiert de Gesondheetsministère.

Back to Top
CIM LOGO