No KomplementarwalenTim Karius gëtt neie Buergermeeschter vu Lenneng

RTL Lëtzebuerg
De Gemengerot huet e Mëttwoch den Owend, iwwer zwee Méint no de Komplementarwalen, eestëmmeg déi dräi Beschtgewielten acceptéiert.
© RTL

An der Gemeng Lenneng geet eng Zort “Wal-Krimi” op en Enn. Den Tim Karius gëtt neie Buergermeeschter, de Philippe Gengler an de Jean-Marie Hermann kommen an de Schäfferot. Domadder ass déi ronn zwee Joerzéngte laang Buergermeeschtesch-Karriär vum Arnold Rippinger eriwwer.

D’Vereedegung vun deenen neie Gemengeresponsabele vu Lenneng, Keel a Steesel sollt eigentlech en Donneschdeg sinn. Déi gouf awer no hanne verréckelt.

Walkrimi zu Lenneng eriwwer - Reportage Monique Kater

Back to Top
CIM LOGO