
Den Tom Brassel gouf als neien Directeur opérationnel bei der Caritas hei am Land nominéiert. Hien huet eng Formatioun als Psycholog an huet och virdrun an deem Service bei der Caritas geschafft.
Den David Mallinger ass neie Responsabel vum Departement “Urgences”. Hien ass geléierten Educateur an Assistant social et diplômé en sciences sociales et humaines. Virdru war den David Mallinger als Streetworker bei der Caritas aktiv an huet de Projet “Collec’Diff” koordinéiert.