D'Lëtzebuerger Arméi ass nach ëmmer gréisstendeels e Männerdomaine, mä doru wëll ee schaffen. Iwwerdeems gouf un engem Guide mat de wichtegste Wäerter vun der Lëtzebuerger Arméi geschafft. Aktuell ginn et gréisser Auslandsmissiounen am Afghanistan, Litauen an am Mali. Hei am Land sinn d'Fraen a Männer vum Bierg wéinst der Pandemie op ville Plaze gebraucht ginn, fir eng Hand mat unzepaken. Um Härebierg zu Dikrech kuckt een op e strammt Joer mat villen Aktivitéiten zeréck.
Dowéinst geet d'Feier fir d'Enn vum Joer um Härebierg och ëmmer e bësse méi labber iwwer d'Bün. Dat mierkt een eleng um Museksprogramm. Natierlech waren och manner Invitéeën am Festsall. An d'Ried vum neie Chef d'Etat-Major war op dat Wichtegst reduzéiert. Eng Haaptprioritéit ass déi, dass nach ëmmer ze mann Fraen an der Arméi sinn. Steve Thull: Fir deem entgéintzewierken wäert ee Frae-Comité an d'Liewe geruff ginn. D'Iddi ass, fir esou op konkret Propositiounen am Sënn vun enger méi grousser Attraktivitéit fir d'Fraen zeréckgräifen ze kënnen. De n nächste 4. Januar ass d'Limitt fir Kandidaturen. Uganks Februar soll e Comité opgestallt sinn.''
De Problem vum Rekrutement bei der Arméi ass scho laang e generelle Problem. Scho am Dezember 2018, virun zwee Joer also, bei senger éischter Ried als Defenseminister, hat de François Bausch mam neie Militär-Gesetz Verbesserung versprach. Nëmme gëtt nach ëmmer – oder besser nees - dru geschafft, esou de François Bausch:' "déi lescht Woch no enger längerer Covid-bedéngter Paus war nees eng sougenannte Quadripartite mat de Vertrieder vun all den Personalassociatiounen zum Avant-Projet de loi. Am Januar a Februar wäerte mir nach e puer sou Reunioun organiséieren, fir den Text ze finaliséieren. Mäi Plang ass et, de Gesetzprojet spéitstens Enn Mäerz am Regierungsrot virzestellen.''Ma d'Covid-Kris weist: d'Arméi ass do wann se gebraucht gëtt. Masken apaken an ausdeelen. Covid-Zenteren op- an ofriichten. D'Rettungsdéngschter ënnerstëtzen. Dat waren d'Aufgaben an der éischter Phase. François Bausch: ''Dir wäert jo elo nach an deenen nächste Wochen erëm an der Hisiicht vill gefuerdert sinn, wann et dann drëms geet déi éischt Vaccinen anzesetzen.''
Afghanistan, Litauen an zanter Februar och Mali. An dëse Länner ass d'Lëtzebuerger Arméi am Asaz. 28 Membere vun der Arméi sinn aktuell op Missioun, François Bausch: ''Souvill hate mir der zanter der Missioun am Kosovo net méi am Asaz.''Méi ewéi 197 Milliounen Euro wäert e Lëtzebuerg kaschten, den neie Militärfliger A400M. Mëtt d'nächst Joer géif en agesat kënne ginn, verréit den Defenseminister.Virun de Feierdeeg kann een och iwwer Wäerter schwätzen. Wéi eng ziele besonnesch an der Lëtzebuerger Arméi? 18 Méint hätten 10 Persounen aus dem Militär sech domat beschäftegt. Geschwënn soll eng Charta ëffentlech gemaach ginn.

L’Armée fait une rétrospective de ses activités de l’année 2020 (17.12.2020) | |
| |
La traditionnelle « fête de fin d’année » a eu lieu en date du 17 décembre 2020 au Centre militaire à Diekirch en présence du Vice-Premier ministre, ministre de la Défense, François Bausch, ainsi que de quelques membres militaires et civils de l’Armée. En raison de la crise sanitaire due au coronavirus, l’évènement de cette année s’est déroulé en format très réduit et dans le strict respect des règles sanitaires. Afin de permettre néanmoins à tous les membres de l'Armée et au grand public de suivre la cérémonie, celle-ci a été diffusée en ligne via live stream. Cela a également permis aux 28 membres de l’Armée actuellement déployés dans des missions au Mali, en Afghanistan et en Lituanie de suivre l’évènement. Cet événement incontournable est l’occasion pour l’Armée de passer en revue ses activités et ses événements de l’année écoulée. Il a été également marqué par la remise des prix de mérite aux sportifs méritants, aux vainqueurs des compétitions inter-compagnies ainsi qu’aux vainqueurs des championnats militaires. Lors de son allocution, François Bausch a remercié les membres de l’Armée pour l'excellent travail qu'ils ont accompli cette année, qui fût une « année record » en terme d’engagements de l’Armée. Outre les nombreuses et inestimables soutiens et missions que l’Armée a fournis au niveau national dans le cadre de la lutte contre la pandémie du COVID-19, elle a également entamé deux nouveaux déploiements à l’étranger cette année, dont l’un en appui à la EU Training Mission in Mali (EUTM) et l’autre avec des capacités de communication satellitaire en appui à la Mission multidimensionnelle intégrée des Nations unies pour la stabilisation au Mali (MINUSMA). En marge de la cérémonie, l’Armée a également remis un don à la Fondation SOLINA Solidarité Jeunes. |