Op StiefesdagTraditionell Generalversammlung vun der ACEL

RTL Lëtzebuerg
D'Associatioun vun de Lëtzebuerger Studente-Cerclë souz an der Uni op Esch-Belval zesummen an huet de Réckbléck op 2022 gemaach.
Traditionell Generalversammlung vun der ACEL
D’Associatioun vun de Lëtzebuerger Studente-Cerclë souz an der Uni op Esch-Belval zesummen an huet de Réckbléck op 2022 gemaach.

Donieft huet een och schonn op d’nächst Joer no vir gekuckt. Nei Presidentin vun der ACEL ass d’Ann Bertemes aus dem Cercle vu Léck. Si iwwerhëlt d’Successioun vum Polina Bashlay. Hier zur Säit sti mam Charel Donven, dem Christine Lenertz an dem Kimon Leners 3 Vize-Presidenten.

8 Studentebaler waren dëst Joer. 3 hu missen ugangs dës Joers Covid-bedéngt ofgesot ginn. Alles an allem awer war et e gutt Joer fir d’Associatioun. E Méindeg gouf dann och scho fir d‘nächst Joer geplangt, esou déi nei Presidentin Ann Bertemes. D’REEL d’nächst Joer, also déi europäesch Reunioun vun de Lëtzebuerger Studenten, ass iwwerdeems Enn September zu Innsbruck.

D’lescht Joer hätt een d’Erfarung gemaach, datt vill Studenten a Patronen nach net richteg iwwer d’Stagegesetz, also d’Obligatioun, eng Rei Stagen ze bezuelen, informéiert sinn, bedauert d’ACEL. Betraff si virun allem d’Psychologen a sozial Secteuren.

PDF: Offiziellt Schreiwes vun der ACEL

Back to Top
CIM LOGO