
An normalen Zäiten waren do ëmmer tëscht 15.000 bis 20.000 Leit. D’Organisateure wollten net aktiv fir sou e grousst Evenement opruffen.
Et sinn awer och e Rousekranz an eng Mass mam Kardinol Jean-Claude Hollerech geplangt, déi och um Internet iwwerdroe ginn.
Päischtdënschdeg, de 7. Juni, ass d’Sprangprëssessioun zu Iechternach wéi gewinnt. D’Gruppe solle sech awer net all virdrun am Abteihaff opstellen an no 14 Auer gëtt och vun zousätzlechen Aktivitéiten am Grupp ofgeroden, heescht et offiziell.
E Samschdeg fänkt d’Muttergottes-Oktav un. Se dauert bis den 22. Mee. Oktavpriedeger ass de Pater Théo Klein.
Dëst Joer ass, no zwee Joer Paus, och nees e Mäertchen. Dat bei der Gëlle Fra, wéinst engem grousse Chantier net um Knuedler.