Den Trafic ass nom Accident perturbéiert. Den éischten Informatiounen no gouf kee beim Accident blesséiert.
Ronn eng Stonn méi spéit ass dann en Auto um CR347 tëscht Schieren a Steeën en Auto accidentéiert. E Chauffer hat hei nu enger Rietskéier d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer an ass mat dësem vun der Strooss ofkomm. De Chauffer huet misse un de Pompjeeën aus dem Auto befreit ginn. Wéi am Bulletin vum CGDIS ze liesen ass, gouf hie beim Accident blesséiert.