OuljenTrakter-Unhänger kippt ëm a bleift an enger Dréchemauer hänken

RTL Lëtzebuerg
Um CR122 an der Rue Rodenbourg zu Ouljen ass e Mëttwoch am Nomëtteg den Unhänger vun engem Trakter ëmgekippt. Dat huet d'Police géint 16 Auer matgedeelt.
© RTL-Mobile-Reporter

Den Unhänger war an eng Dréchemauer gerannt, déi dobäi och beschiedegt gouf, an huet d’Strooss blockéiert, esou datt d’Streck wärend den Opraumaarbechten zou bleiwe misst. Géint 17.40 Auer huet d’Police matgedeelt, datt den Accident geraumt an d’Strooss nees op wier.

Back to Top
CIM LOGO